Mesmerismus

D’KINNEKSDISZIPLIN VUN DER HYPNOS

„Der Geist hat die Fähigkeit, den Körper zu heilen, wenn er in Harmonie und Gleichgewicht gebracht wird.

– Franz Anton Mesmer, deutscher Arzt

Wat ass Mesmerismus?

De Mesmerismus ass d’Kinneksdiziplin der Hypnos!

Mesmerismus ass grondsätzlech Hypnos. Am Géigendeel zu der klassescher Hypnos, gëtt am Mesmerismus ganz ouni d’Sprooch geschafft. Mesmerismus ass doduerch nonverbal. Weder Du nach ech schwätze wärend der Sëtzung.

Mesmerismus ass ee Mëttel wat direkt op de Kierper wierkt, an de Verstand spillt guer keng Roll dobäi.

Wéini kann Mesmerismus hëllefen?

De Mesmerismus ass grondsätzlech ëmmer eng Hellef an Erliichterung:

- Emotiounen ënner Kontroll kréien
- Schlecht Gewunnechten ëmprogramméieren
- An eigentlech all Thema, déi een energeteschen Ursprung hunn (dat heescht baal alleguer)

Wat ass Mesmerimus net?

- Schlof
- Bewosstlosegkeet
- Manipulatioun / total Kontroll
- Ausschalten vum Denken
- Magie / bëlleg Tricker
- Perséinlechkeetverännerung

Wei leeft eng Sëtzung bei mir of?

Den Oflaf vun enger mesmeristeschen Sëtzung ännert sech vu Client op Client.

No engem Virgespréich maachen ech eng bis zwou Techniken, vir Dech op dat Gefill vun der Trance virzebereeden. Dat huet sech als ganz positiv erwisen, well d’Tranceerfahrung am Mesmerismus méi staark ass wéi an der verbaler Hypnos. Doduerch, dass déi Verstand guer keng Roll spillt, ass déi kierperlech Erfarung méi staark.

Duerno gët mat der gewielten Technik ouni Wierder d’Trance ageleet, bis Déi Kierper iwwerhëllt an d’Thema beaarbecht.

Du weess net op de Mesmerismus eppes fir Dech ass?

Kontaktéier mech gären iwwert mäi Kontaktformular, iwwert Telefon oder per Email.