Kannerhypnos

EIS KANNER SINN EIS  ZUKUNFT

„Wenn wir wahren Frieden in der Welt erlangen wollen, müssen wir bei den Kindern anfangen.“

– Mahatma Gandhi

Kanner an hier grouss Virstellungskraaft

Kanner sinn an der haiteger Zäit scho frei vu villen Aflëss ëmginn. Kanner si besonnesch empfänglech vir positiv an negativ Emotiounen an Andréck.

Kanner si grad fir Hypnos immens open; si hunn nämlech eng grouss Virstellungskraaft. Kanner fält et immens liicht an déi Fantasiewelt anzetauchen. Doduerch loossen si hir Belaaschtungen a Problemer séier lass.

Ech hunn d’Aarbecht mat Kanner immens gär, ech ka wärend der Aarbecht an hir Welt antauchen, mat hirer Virstellungskraaft an hiren Virwëlz hir Welt wouerhuelen. Da kann ech och déi passend Technik benotzen vir, dass si sech rëm frei fillen.

Wéini kann Hypnos bei Kanner hëllefen?

Schonn an der Spillschoul a wärend der ganzer Schoulzäit kënne scho psycheschen a sozialen Drock entstoen. (Mobbing, Drock, Prüfungsangscht, schlecht/verännert Verhalen, …) Dat kann zu schlechtem Selbstbewosstsinn, Ängschten, Schlofstéierungen, Léierschwieregkeeten, a nach vill aner Problemer féieren.

Wat ee méi frei déi Problemer erkennt an se thematiséiert, wat d’Kand sech besser entwéckele kann.  

Ab wéivill Joer ka mäin Kand an d’Hypnos kommen?

Soubal äert Kand vollstänneg Sätz maache kann, a gutt beschreiwe ka wei  et sech fillt a senger Situatioun. Dat ass ab +- 5 Joer, trotzdeem ass et ëmmer individuell anzeschätze duerch ee Gespréich mat den Elteren.

Wei leeft eng Sëtzung bei mir of?

Eng Sëtzung mat engem Kand ass immens individuell, well all Kand seng Welt ganz anescht gesäit an do dierf ech mech upassen.

Eng Sëtzung ka ganz spilleresch ausgesinn, villäicht och just schwätzen oder mat enger klenger Dramrees, d’Thema beaarbechten.

Du weess net op Hypnos fir Däin Kand dat Richtegt ass?

Dann kontaktéier mech gären iwwert mäi Kontaktformular, iwwert Telefon oder per Email.