Hypnos

ENTDECK D’MUECHT VUN DENGEM ËNNERBEWOSSTSINN

„Wenn es unmöglich ist, dann müssen wir es eben hypnotisch machen.“

– Richard Bandler NLP-Matbegrënner

Wat ass Hypnos?

Hypnos kennt aus dem algriicheschen a bedeit „Schlof“.

Hypnos huet awer näischt mat schlofen ze dinn; et kann en et mat engem schlofähnlechen Zoustand vergläichen. Hypnos ass een Zoustand vun enger konzentréierter, déiwer Entspanung, déis Du och schonn aus dem Dagdeegleche kenns. Zum Beispill beim Autofueren oder beim Fernsee kucken, da bass Du entspaant an trotzdeem konzentréiert.

Iwwert 90% vun dem wats Du mëss, mëss Du onbewosst, sou kann et geschéien dass Du eng Ausfaart op der Autobunn verpass oder Du kriss net mat wann e beim Fernsee kucken, Däin Numm rifft.

Wéini kann Hypnos hëllefen?

Wann’s Du mat Dir an Dengem Liewen net méi zefridde bass oder Du de Wonsch no enger Verännerung hues, kann Hypnos Dech dobäi ënnerstetzen.

Hei e puer Beispiller:

- Léierschwieregkeete verbesseren
- Stresssituatioune besser veraarbechten
- Selbstvertrauen a Selbstbewosstsi stäerken
- Bei Liebeskummer
- Bei Iessstéierungen
- An nach ganz vill mei …

Wat ass Hypnos net?

- Schlof
- Bewosstlosegkeet
- Manipulatioun / total Kontroll
- Ausschalten vum Denken
- Magie / bëlleg Tricker
- Perséinlechkeetverännerung

Wei leeft eng Sëtzung bei mir of?

Den Oflaf an der Hypnosetherapie ännert sech vu Client zu Client.

No engem Virgespréich, wou all wichteg Informatioune vun Dengem Thema beschwat ginn, maache mir d’Hypnos.

Ech schaffen immens individuell an passen d’Induktioun, sou wéi d’Hypnosetechnik un de Client un.

Du weess net op Hypnos eppes fir Dech ass?

Kontaktéier mech gären iwwert mäi Kontaktformular, iwwert Telefon oder per Email.