Gewiichtsmanagment

ENTDECK D’GEHEIMNIS VUM HYPNOTESCHE MOBAND

„Nichts schmeckt so gut, wie Schlank-Sein sich anfühlt.“

– Nicole Baumgartner, Schlankmacherin

Verwandel Däin Liewen

Bass Du bereet op eng Verännerung? Stell Dir vir, wéi et wier, wann s Du Däin Wonschgewiicht ereeschen keins, ouni op eppes ze verzichten oder Dech krampfhaft un een Diätplang ze halen. Dat klengt scho bal ze schéin vir wouer ze sinn, oder? Wat ass wann ech Dir lo soen, dass et méiglech ass?

Dat hypnotescht Moband ass eng Method, dir Däin Wee zu Denger Draamfigur ze erliichteren.

Wisou dat hypnotescht Moband?

No laanger Erfarung hunn ech verstan, dass d’Ofhuelen net just eng kierperlech, mee och eng emotional Rees ass. Ganz vill Mënsche kämpfe jorelaang mat hirem Gewiicht, net well se et net wëssen, wat ze maachen ass, mee well hier emotional Blockaden se zréckhalen.

Dat hypnotescht Moband ass eng duuss, awer kraaftvoll Method. Duerch eng gezielt Hypnosetherapie hëllefen ech Dir, Deng Iessgewunnechten ze änneren an ee gesond Verhalen zu Liewensmëttel an zu Dengem Kierper opzebauen.

Wéi funktionéiert dëst hypnotescht Moband?

Am entspaanten Zoustand gëtt Däin Ënnerbewosstsinn dodrop trainéiert,  sech ee virtuellt Moband virzestellen. Dëst Moband hëlleft Dir, méi séier ee Siedegungsgefill ze erreechen an dowengst manner ze iessen, ouni d’ Gefill vu Verzicht an Honger.

Et geet awer net nëmmen em d’Iessen. Mir schaffen och dodrun, Deng déiwst emotional Ursaache vun Dengem Iessverhalen ze erkennen an se ze behandelen. Sou ass Ofhuelen eng ganzheetlech Verännerung. Däin Wee an ee mei liicht Liewen.

Stell Dir kuerz vir, Du kéinst deng Bezeihung zum Iesse komplett nei definéieren. Ee Liewe wou s Du Dech wuel an zefridden an Dengem Kierper fills. Een Dram, den zu Denger Realitéit ka ginn.

Wat sinn d’Viraussetzungen?

-       De Wonsch no enger Verännerung
-       Dech op ee méi liicht Liewen freeën
-       Motivéiert sinn
-       Gedold matbréngen; et dauert vir eng Verännerung wouerzehuelen

Du wëlls ofhuelen, mee weess awer nach net richteg op dëst Gewiichtsmanagment - Programm eppes fir Dech ass?

Kontaktéier mech gären iwwert mäi Kontaktformular, iwwert Telefon oder per Email.