Iwwert mech

Ech freeë mech, dass du dech op menger Säit ëmkucks a wëll mech dir gär virstellen:

Ech sinn d’Milli,
leidenschaftlech Hypnosetherapeutin
a Mesmeristin

Déi éischte Kéier wou ech mat Hypnos a Kontakt koum, war eigentlech kee schéine Grond.

Ech war ëmmer immens sportlech an hu leidenschaftlech Volleyball gespillt. Duerch eng zimmlech schlëmm Seenenentzündung a menger rietser Schëller, konnt ech meng Leidenschaft net méi ausüben, dat huet mir de Buedem ënnert de Féiss wechgezunn. Dunn ass bëssen alles zesumme gefall, hunn immens vill ofgeholl, hat Anorexie a sinn net méi richteg do raus komm.

Hypnos huet mir gehollef rëm Liicht um Enn vum Tunnel ze gesinn, huet mir rëm gehollef op mäi Kierper ze lauschteren a mech rëm spieren ze kennen an ech konnt rëm ufänke Volleyball ze spillen.

Vun dem Punkt un huet d’Hypnos mir ëmmer vill gehollef. Duerch d’Hypnos hunn ech vill Blockaden opgeléist,  ënnert aanerem och mat menger Dyslexie eens zeginn, an se ze akzeptéieren. D’Akzeptanz huet suguer dozou gefouert dass se sech miniméiert huet.

Genau du wosst ech, dass Hypnos vir mech déi perfekt Method ass vir selwer ze benotzen an anere Leit bei hiren Themen ze hëllefen, an hinnen ze hëllefen aus hirem Lach raus ze kommen.

Ech hunn dunn och direkt mat menger Ausbildung zur Hypnosetherapeutin ugefaang.

Mëtt 2021 hunn ech mech dozou entschloss mech selbststänneg ze maachen a mäin Dramberuff auszeüben.

Säitdeem maachen ech nach ëmmer Weiderbildungen, vir mäi Wëssen nach mei ze erweideren.

Wéi kann ech Dir hëllefen?

Wann ech mat Cliente schaffen, sinn ech mat ganzem Häerzen dobäi.

Als Hypnosetherapeutin a Mesmeristin weess ech, dass Du selwer däi beschten Therapeut bass, a schonn alleguer d’Léisungen an Dir hues.

Wärend der Sëtzung erschafen ech de Raum vir Dech den s Du brauchs fir Däin Thema an Deng Blockade léisen ze kënnen.