Wëllkomm bei Chozen

Ech si d’ Milli Kirtz, eng jonk, lëtzebuergesch Hypnosetherapeutin a Mesmeristin. Dëst ass mein Draamberuff. All Dag mat Mënschen zesummen ze schaffen a si zu hirem beschte Liewen ze begleeden, ass einfach nëmme wonnerschéin a gëtt mir vill Energie.

Wat bedeit Chozen?

Chozen ass eng Kombinatioun aus dem japanesche Wuert „Chou” (Päiperlek) an dem indianeschen Element „zen” (Entwécklung). Zesummegesat bedeit Chozen „Entwécklung vum Päiperlek”.

Wéi kann ech dir hëllefen?

  • Hypnos

    ENTDECK D’MUECHT VUN DENGEM ËNNERBEWOSSTSINN

    Hypnos ass een Zoustand vun enger konzentréierter, déiwer Entspanung, déi's Du och schonn aus dem Dagdeegleche kenns.

  • Mesmerismus

    D’KINNEKSDISZIPLIN VUN DER HYPNOS

    Mesmerismus ass grondsätzlech Hypnos. Am Géigendeel zu der klassescher Hypnos, gëtt mam Mesmerismus ganz ouni d’Sprooch geschafft an ass doduerch nonverbal.

  • Gewiichtmanagment

    LEIER D’HYPNOTESCH MOBAND KENNEN

    Dat hypnotescht Moband ass eng duuss, awer kraaftvoll Method. Duerch eng gezielt Hypnosetherapie hëllefen ech Dir, Deng Iessgewunnechten ze änneren an ee gesond Verhalen zu Liewensmëttel an zu Dengem Kierper opzebauen.

  • Kannerhypnos

    EIS KANNER SINN EIS ZUKUNFT

    Kannerhypnos ass immens individuell, well all Kand anescht seng Welt wouerhëllt. Duerch hier Firstellungskraft sinn Kanner immens open vir Hypnos. Mat Gefill an der passender Technik loosen sie hier Problemer séier lass.

Heefeg gestallte Froen

  • Nee, definitiv net!

    Du wäers keng Geheimnisser verroden, déis Du net och an Dengem „normalen“ Zoustand verrode géings.

  • An der klassescher Hypnos sëtzt den Therapeut, iwwert de Verstand, Impulser a Form vu Suggestiounen.

    Am Mesmerismus gëtt nonverbal geschafft, dat heescht et gët ouni Sprooch an ganz ouni den bewossten Verstand geschafft.

  • Et kann een et sou erklären:

    Du bass op eng Saach konzentréiert, neicht kann Dech stéieren an währenddems bass Du komplett entspaant.

  • Leider gëtt Deng Sëtzung net vun der Krankekeess iwwerholl.

Wéi kanns Du elo virgoen?

Wann Du Dir nach net secher bass, ob Hypnos dat richtegt fir Dech ass, du Froen hues oder en RDV wëlls ausmaachen, da mell Dech bei mir iwwert dëse Kontaktformular, per Email oder iwwert Telefon.

Ech freeë mech Dech kennen ze léieren.